D ‘Zäit
vergeet an et ass elo déi 4. Editioun vum nationale Hunneg Concours den de
Beieveräin Capellen organiséiert.
Wéini: Samschdes den 23. November 2019
Wou:
Am Festsall zu Kënzeg (Clemency) rue de Sélange L-4965 Clemency
Wien
kann matmaachen: All Beienziichter dee Beien hei am Land stoen
huet.
Firwat en Hunneg Concours ?
Mer hunn ganz gudden
Hunneg hei zu Lëtzebuerg an dofir wëlle
mer d ‘Diversitéit an d ‘Qualitéit vun eisem Hunneg weisen, an net ze
vergiessen de “savoir-faire” vun de beschte Beienziichter belounen.
Wéi funktionéiert dat ?
·
Den
Hunneg gëtt als éischt am Labo analyséiert.
·
De
Jury (Beienziichter, Vertrieder vun der Marque Nationale, Konsumenten a
Vertrieder vum Handel) évaluéiert den Hunneg
op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach.
MATMAACHEN lount
sech ! Mir hunn vill potential…
D’Beienziichter mat
dem beschten Hunneg kréien en Diplom (Gold, Selwer oder Bronze). De „Prix du
Jury“ belount besonnesch gudden respektiv originellen Hunneg. AN… op all jonk
Beienziichter (déi zanter manner wie 3 Joer Beien halen) waart ee „Prix d
‘Encouragement“.
D
‘Reglement an den Umeldungsformulaire kommen an déi nächst Beienzeitung.
Alors, bienvenue à toutes les amatrices et tous les amateurs 😊
NET ZE
VERPASSEN : Aschreiwen kann ee sech bis den Méinden, 07. Oktober 2019
Weider
Informatiounen sinn och disponibel um Internet op www.honeyshow.eu