Bericht iwwert den Hunneg Concours 2016

Enn 2015 huet de Comité vum Caper Beieveräin d’Entscheedung geholl fir een Hunnegconcours ze organiséieren.

Zieler vum Concours sinn d’Diversitéit an d’Qualitéit vum Lëtzebuerger Hunneg ze weisen an de Savoir-faire vun de beschten Imker ze belounen. Well eise Veräin keng Erfahrung mat engem Concours hat, hu mer extra dowéinst am Juni 2016 ee “Cours de dégustation de miels”, ënnert de Leedung vum Etienne Bruneau vum CARI, organiséiert. Dëst woar fir eis eng ideal Virbereedung. An de Wochen nom Cours goufen Reglement, Formular fir sech anzeschreiwen an d’Fiche de dégustation ausgeschafft.
Vun der Gemeng Käerjeng hu mer fir de Concours 2 Säll zur Verfügung gestallt kritt: De klenge Festsall zu Fingig, wou mer d’Degustatioun organiséiert hunn an de Festsall zu Kënzeg, wou d’Präisiwwerreechung iwwert d’Bühn gaangen ass. Ënnert der Leedung vum Arsène Mathias, Präsident vum Opsiichtsrot vum Verband a Member vun der Hunneg-Kommissioun bei der Marque nationale, gouf de Jury zesummegestallt. Dobäi eraus komm ass eng gesond Mëschung vun Imker, Hunneg-experten a Konsumenten: Arsène Mathias, Evelyne a Marcel Zoller, Danielle Hermes, Roger Dammé, Michel Wolter, Marc Hansen, Jeannot Glodé Jean-Paul Reuland, Fränz Kutten, François Kraus, Eleonore Cattani, Nicolas Josselin, Georges Gidt, Guy Schons). Hinnen alleguer een décke Merci fir hiren Asaz!

Teilnehmer um Concours koumen aus dem ganze Land
Reglement a Formulaire fir sech anzeschreiwen goufen an der Beienzeitung vum September verëffentlecht. Trotz der ganz schlechter Récolte vun Hunneg hunn 23 Imker, verdeelt (bal) iwwert dat ganzt Land, mat am ganzen 29 Hunneger, sech dem Concours gestallt. Säin Hunneg engem Concours ze stellen ass keng Selbstverständlechkeet a verlaangt Courage vun dem eenzelne Beiemann. Dofir ee grousse Merci un all d’Imker déi matgemaach hunn! Ganz frou woare mer, dass ronn 25% vun den Teilnehmer jonk Beieleit woaren, déi eréischt zanter manner wi 3 Joer Beien halen.

Nodeems di lescht Hunneger um Beiendag agesammelt goufen, si Prouwe geholl ginn a bei de Labo vum CARI op Louvain-la-Neuve geschéckt ginn. Samschdes de 19. November ass de Jury zu Fingig zesumme komm fir 28 Hunneger (1 huet missten wéinst ze héijem Waassergehalt disqualifizéiert ginn) ze schmaachen. Opgedeelt op 3 Dëscher, ënnert der Leedung vu jeeweils engem Chef de table, sinn di verschidden Hunneger gekuckt, gericht a geschmaacht ginn. D’Hunnegglieser woaren anonymiséiert a just mat enger Nummer versinn, déi eenzeg an eleng de Präsident vum Jury kannt huet.

Gepréift goufen Homogenität, Properkeet, Konsistenz, Kristallisatioun, Geroch a Geschmaach.

All Imker weess, dass frëschen, wootlechen Hunneg aus dem Beievollek eppes Eenzegaarteges ass. Déi Intensitéit vu Geroch a Goût ze erliewen ass de Privileg vun de Beieleit. D’Konscht vum Imker besteet doran dee fäerdegen Hunneg aus de Waben an d’Glas ze kréien: Dee richtegen Zäitpunkt wielen fir ze schleideren, den Hunneg esou schounend wéi méiglech ze behandelen a propper anzefëllen, fir dem Konsument ee beschtméigleche Produit kënnen unzebidden.

D’Kritären woar streng, mee gerecht

Net all Hunneg konnt ee Präis kréien. Trotzdem mengen ech dass jiddereen deen um Concours deelgeholl huet, eppes dobäi gewonnen huet: Di eng konnten eng Medaille a Präisser mat heem huelen, di aner eng Erfahrung, déi hinnen schonn dat nächst Joer wäert hëllefen hiren Hunneg ze verbesseren. Hei ass den Austausch tëschent Imker wichteg: Et däerf een net zécken fir Kontakt opzehuelen, mat deenen Imker, deenen hiren Hunneg di bescht Bewäertungen kritt huet. A fir eis bescht Beieleit soll eng Éier sinn, hiert Wëssen un di jonk Kollegen weider ze ginn!

Et goufe flott Präisser ze gewannen!

Fir méiglechst vill Leit ze motivéieren fir sech beim Concours anzeschreiwen, hate mer eis gutt Kontakter zu Fournisseuren vun de Lëtzebuerger Beieleit genotzt: Esou konnte mer am ganzen fir 1.500 Euro Akafsbongen un d’Gewënner verdeelen. Alle Sponsoren an Donateuren dofir ee grousse Merci! Et sinn dat Mathis Prost, de Veräin “Lëtzebuerger Hunneg”, Cumnatura (D), Jardins de Luxembourg, de Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht, Carl Fritz (D), Wagner Imkertechnik (D), Natural Life Style (B), Am Beienascht an de Cactus.

Et soll net bei engem Concours bleiwen,

mee den Hunneg Concours soll ee feste Bestanddeel am Kalenner vun der Lëtzebuerger Imkerei ginn. Den Datum vum Concours 2017 steet och schonn fest: de 24. November 2017. Avis aux amateurs! Fir allen Imker d’Méiglechkeet ze bidden, dëse Concours och gutt virzebereeden wäert eise Veräin de 15. Juli 2017 ee Cours iwwert d’Veraarbechtung vun Hunneg ubidden.