De Beieveräin Capellen organiséiert am November ee nationalen Hunnegconcours.
Matmaachen kann all Beienziichter, dee Beien zu Lëtzebuerg stoen huet. Mat dësem Concours wëlle mer d’Diversitéit an d’Qualitéit vum Lëtzebuerger Hunneg weisen, an de Savoir-faire vun de beschte Beienziichter belounen.D‘Hunneger wäerten als éischt am Labo vum CARI an der Belsch analyséiert ginn. Bei der Dégustatioun évaluéiert de Jury d’Hunneger dann op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach. De Jury setzt sech zesummen aus Beienziichter, Vertrieder vun der Marque nationale, Konsumenten a Vertrieder vum Handel.